D’Geschicht vum Sketch Fu Fu
Am Joer 1988 huet déi deemoleg Jugendkommissioun vum kéinzeger Fussball een Theaterstéck gespill: d’Tata Liss vu Valauris. Obschonn dës Opféierung nawell ee grousse Succès hat sollt et dat Joer drop net méi zu engem „klasseschen“ Theaterstéck kommen.
Engesdaags am Joer 1989 koum de Pit Schoumacher bei mech a sot: „Pepe, komm mär organiséieren ee flotten Owend mat Sketcher, Danz a Gesang, zesumme mat der Jugenkommisioun vum Fussball fir Suen an d’Keess ze kréien. Domadder kënnen dann déi jonk Spiller finanziell ënnerstëtzt ginn. Ech këmmere mech ëm d’Sketcher an du méchs d’Musik. Ech hunn och schonn een Numm an zwar: Sketch Fu Fu Fu.“
De Pit war am ganzen Duerf bekannt an hat kee Problem fir Leit ze fannen déi wollte matspillen. De Projet huet lues a lues Form kritt an de 14.01.1990 ass de Rido déi éischte Kéier fir de Sketch Fu Fu Fu opgaang. D’Acteure waren (a sinn) alles Amateuren an och eis deemoleg Jugendspiller waren dobäi. D’Musik hunn ech a mäi Kolleg de Roland „Zip“ Becker live op der Bühn gespillt. De Succès vun eisem Sketch Fu Fu Fu war grouss a schonn 1992 hu mär eng zweet Virstellung bäigesat.
De Pit huet bis 1993 d’Fiedem gezunn, ënnerstëtzt vum Lé Jenal fir d’Texter ze schreiwen. Leider huet de Pit dat Joer drop äus perséinleche Grënn musse passen an de Lé huet 1994 d’Regie iwwerholl. Vun deem Joer un hunn ech d’Musik och net méi live op der Bühn gespillt mee doheem opgeholl. De Gesang op der Bühn ass live bliwwen.
Eise Sketch Fu Fu Fu ass ëmmer méi iwwert d’Grenze vu Kéinzeg eräus bekannt ginn, esou dass schon 1995 den RTL Ausschnëtter gewisen huet.
Wëll de Fu Fu Fu ëmmer méi gewuess ass huet sech 1996 den Tennisverräin ugeschloss, esou dass vun do un bis haut déi 2 Veräiner de Sketchowend organiséieren. Am Laf vun de Joeren hu mär och Villes wat d’Technik ubelaangt geännert fir och ëmmer dee richtege Sound konnten ze garantéieren. Ëmmer méi Leit hu sech ugemellt a mir hunn eng drëtt Virstellung bäigesat. Am Laf vun de Joeren ass deen drëtte „Fu“ verluer gaangen a mir hunn eist just nach „Sketch Fu Fu“ genannt, waren dofir awer net manner geckeg.
Am Joer 2002 huet leider och de Lé aus perséinleche Grënn opgehal an de Jeff Schuster, dee vun Ufank un als Acteur dobäi war a zanter e puer Joere gehollef huet Texter ze schreiwen, huet d’Regie iwwerholl. Fir d’Choreographien vun eisen Dänz waren iwwert all déi Joere verschidde Leit zustänneg déi och ëmmer nees gewiesselt hunn, grad ewéi eis Acteuren.
Mär probéieren ëmmer nees aktuell Themen opzegräifen ouni awer ze vill komplizéiert oder politesch Texter ze maachen. De Fu Fu ass kee Cabaret an och keng Kapesëtzung, mee eng Mëschung vu Gesang, Danz a Sketcher. Mär wëllen nëmmen, dass Dir gutt sollt laachen a fir een Owend alles ronderëm vergiesst. Mëttlerweil si mär bei iwwer 20 Editiounen, hoffentlich kommen der nach vill derbäi.
Ech hoffe mir gesinn eis, bis dann.
Äre Pepe